top of page

Sam., 18. Mee

|

Musée de l'Ardoise

KOLL an Aktioun 2024

De Festival fir déi ganz Famill

KOLL an Aktioun 2024
KOLL an Aktioun 2024

Wou a wéini

18. Mee 2024 15:00 – 20. Mee 2024 01:00

Musée de l'Ardoise, Entrée principale, 8823 Haut-Martelange, Luxembourg

Iwwert d'Veranstaltung

Dir bestëmmt de Präis! Fir de Koll an Aktioun ze ënnerstëtzen, wëlle mir iech decidéiere loossen, wéi vill dir fir ären Ticket bezuele wëllt.

Sou funktionéiert et:

De Minimum-Präis fir en Dagesticket ass op 25 EUR festgeluecht. De Weekend-Ticket ass 40 EUR.

Dorop kënnt dir, wann dir d’Méiglechkeeten hutt, esou vill dobäi gi wéi dir wëllt.

Firwat mir dat maachen:

D'Organisatioun vum Festival vun der Ufanksiddi bis zum Resultat erfuerdert vill Aarbecht a Ressourcen, an ass mat vill Onsécherheete verbonnen. Mir schätzen, datt de reelle Wäert bei ongeféier 40 EUR pro Dag läit. Dëse Präis deckt d’Gagë vun nationalen an internationale Musek Acts, Engagementer fir de Kannerprogramm, Logistik, Infrastruktur an d’Loune vun de Bünen an Tounmaterial. Alles, fir déi beschten Experienz um Koll an Aktioun ze erméiglechen.

Natierlech hätte mir decidéiere kënnen, ee méi héije Präis fir d'Ticketen ze froen, fir eis méi finanziell Sécherheet ze ginn. Mee, e méi héije Präis géif och bedeiten, datt Leit vum Festival ausgeschloss gi wieren, déi vläicht manner hunn.

Mir sinn awer fest dovun iwwerzeegt, datt Kultur ni zu engem Luxus dierf ginn an ëmmer soll fir jiddereen zougänglech sinn. Mir sinn entschloss, alles dorun ze setzen, de Koll zu engem Festival fir jiddereen ze maachen.

Scroll weider erof fir Ticketen ze kaafen

Solidaritéitsopruff

Wann dier d’Méiglechkeet hutt, kënnt dir méi zum Ticketspräis bäidroen an domat direkt en duebelen Effekt erreechen:

Éischtens, géift der aktiv dozou bäidroen, datt Kultur accessibel bleift.

Zweetens, spillt är Kontributioun eng entscheedend Roll, déi néideg Moyene fir de Succès vum Koll an Aktioun ze garantéieren.

Wéi Donen eis hëllefen?

Wéi schonn erkläert, droen d'Spenden zu eiser finanzieller Stabilitéit bäi. Doduerch kréie mir méi Flexibilitéit an der Programmgestaltung, beim Dekoréieren a fir déi bescht Infrastrukturen, fir eis Visiteuren ze garantéieren.

Keng Kontributioun ass ze kleng. All Eenzel hëlleft, déi nächst Editioun vum Koll an Aktioun op d'Been ze stellen!

Mir sinn nämlech eng asbl déi ganz aus passionéierte Benevolle besteet.

Mir freeën eis, iech all op Päischtweekend nächst Joer ze gesinn!

Cheers, d’Kollibri asbl.

WICHTEG: De Koll an Aktioun ass e Festival fir déi ganz Famill, dofir ass  d'Entrée fir Kanner a Jugendlecher bis 15 Joer inclus, GRATIS!

Wéi kafen ech en Ticket?

  • Gitt de Präis an deen Dir bereet sidd pro Ticket ze bezuelen.
  • Wielt d’Unzuel vun den Ticketen aus déi Dir braucht.
  • Ënne gesitt Dir den Total deen Dir ze bezuelen hutt.

Tickets

  • 18-05-2024 // SAMSCHDES TICKET

    GRATIS ENTREE fir Kanner a Jugendlecher bis 15 Joer inclus! Hei kënnt Dir Ären Ticket kafe fir de Koll an Aktioun. Ticketbesëtzer mussen hiren Ticket bei der Entrée virweisen. Dir kënnt Ären Ticket entweder ausdrécken oder eng digital Versioun virweisen. All Detailer iwwer d'Veranstaltung fannt Dir op dësem Site. Wann Dir Froen oder Problemer hutt, kontaktéiert eis vun. Mir freeën eis op Äre Besuch!

    +Service fee
  • 19-05-2024 // SONNDES TICKET

  • 18+19-05-2024 // WEEKEND TICKET

  • 19-05-2024 // VEGANE BRUNCH TICKET

    Et gëtt e vegane Brunch e Sonnde vun 12.00 – 14.00 Auer vun der MESA, maison de la transition. Tickete si limitéiert a ginn et JUST online! Kuckt an eisen FAQ > Brunch fir de Menu ze entdecken a méi Detailer! D’Tickete sinn limitéiert.

    30,00 €
    +0,75 € service fee
  • 18+19-05-24 // CAMPING ZELT

    Sale ends: 20. Mee 01:00

    Ticket fir en ZELT. De Präis vum Ticket ass fir zwou Nuechten (!). D’Suen déi duerch de Camping esou wéi d’Moiesiessen (jo et wäerte Croissanten a Kaffi ginn) era kommen, ginn un d’ "Guiden & Scouten - Saint Benoît Clervaux" gespent. Check in Samschdes: 14.00 - 03.00 Auer Check out Méindeg: 11.00 Auer

    15,00 €
    +0,38 € service fee
  • 18+19-05-2024 // KULTURPASS TICKET

    De Kulturpass Ticket kascht 1,50€ den Dag. Falls Dir e gültege Kulturpass hutt, schreift eis am Virfeld eng E-Mail fir Är Entrée ze garantéieren. (hello@kollibri.lu)

    1,50 €
    Goes on sale: 20. Mee 00:55

Total

0,00 €

Share this event

bottom of page